„Christian du Coin“ de Party-DJ zu Lëtzebuerg!
Eng originell Mëschung vun aalen a neisten Beats huet de „Christian du Coin“ a sengem Répertoire.
Vun 2010 un huet hien och parallel an der Rockbox, Schräinerei, Melusina a Clausen, Ikkuvium zu Déifferdeng, am Chaplin zu Éilereng, an der Fabrik zu Mersch, am Café Why Not zu Diddeleng oder bis haut am Hitch um Glacis oder am Café Beim Louis zu Dikkrech d’Partyleit un Danzen bruecht.
D’Spezialitéit as a bleiwt awer seng eenzegaarteg Mëschung vun all Muséksgenre fir Jonk an Aal mateneen ob Danzpist ze kréien ob deene groussen Events a Personalfeieren, an daat mat där allerneisten Luuchtentechnik.
„Christian du Coin“ ,eng Garantie fir e gelongenen Party-Owend.